Skip to main content

21.03.2024 - Assemblée générale


Dënn 21.03 hate Mir eis AG dëst Joer am flotte Kader vum Club "eist Heem" zu Bierchem.

No dem Rapport d'Activités vun eisem President dem Egide an dem Rapport financier eiser Caissiere dem Maggy ass de Comité dunn op de Programme vun 2024 zu e puer nei Projeten agaangen.

No der Peichtvacanz zum Beispill,starte mir ee Projet "Parrainage".Do soll/däerf all Judoka ee vu senge Frënn Meinedes mat op säin Training bréngen.Esou kenne Mir eise flotte Sport nach e bësse mei bekannt maachen.Dëst ass natierlech Gratis.

Virum Hannergrond,dass eis Judoka'en ëmmer mei oft National an International op Turnéier vertruede sinn,huet de Club nei Jacketten,T-Shirten a Rucksäck mat eisem Logo maache gelooss.Dees hu Mir dann och op der AG offiziell presentéiert a krutten eng ganz gutt Resonanz. Fir déi Leit,déi eis wëllen ënnerstëtzen,hun Mir natierlech och Jacketten a T-Shirte maache gelooss.Op engem Training kennt Dir Iech alles a Rou ukucken a Mir ginn iech Informatioune fir Bestellung.

De Programm mam Ausfluch,Turnéier an Training mat dënn Eltere steet bei eis op der Homepage am Kalenner.
All Joer ginn op der AG dann och eis Sportler geéiert.Dëst Joer huet de Comité datt awer e bëssen an enger anerer Form gemaach.Frei no eisem Coach an Trainer,dem Christophe :
« Si tu ne gagnes pas ton combat, tu n'auras pas perdu, mais tu auras appris quelque chose. »
Well all Judoka,dënn sech bei engem Turnéier op den Tatami stellt,fir säin Match ze maachen,eise Respekt an Unerkennung verdenkt,huet all Judoka vum eisem Club,dënn op engem Turnéier um Tatami stoung,ee klenge Cadeau ganz onofhängeg vu senger Placéierung kritt.

E grousse Merci geet awer op dëser Platz och nach u Claude an Nadine,déi sech vill Mei gemaach hunn,fir dass mir AG bei engem Patt an engem klenge Maufel konnten ausklénge loossen.

zerëck op d'Iwwersiicht